Info

Letsgo.lu ass eng Sammlung vun Aktivitéiten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, déi fir Jugendlecher a jonk Erwuessener interessant kënne sin.

Dëss Säit gëtt kontinuéierlech vum Jugendhaus Bierchem mat neien Angeboter ergänzt an ëmfaasst allméiglech Aktivitéiten , déi als Dagesausfluch am Kader vun der pädagogëscher Arbescht am Jugendhaus kënnen ënnerholl ginn.

Wanns Du wëlls hëllefen dësen Aktivitéits- a Workshop-Katalog esou komplett wéi méiglech ze machen, da kanns Du eis gäeren e Mail mat engem Link zur Aktivitéit op mjroeser(@)youth.lu machen.

Letsgo.lu kanns Du ganz praktesch als App (Web App) iwwert däi Browser um PC oder Handy installéieren (am Internet fënns Du d´ Info, wéi´s Du eng Web App mat dem jeweilegen Browser installéiers).

Enjoy,

Jim Urbain
Jugendhaus Bierchem